Proposition de Loi: Locatairen entlaaschten

déi Lénk hunn op enger Pressekonferenz (11.11.2016) direkt ee puer Initiativen virgestallt, fir Locatairen z’entlaaschten.

1) Eng Proposition de Loi fir dass et an Zukunft d’Propretären sinn, déi d’Provisioun un d’Agence bezuele mussen (Am Video ab Minutt 13:00)

Am Moment muss déi Persoun, déi eng Wunneng loune wëll, och d’Provisioun un d’Agence bezuelen. Dat ass net gerecht, well et de Proprietär ass, deen de Service vun der Agence bestellt.

déi Lénk wëllen dat änneren a bréngen elo eng konkret Proposition de Loi an d’Chamber, fir d’Locatairen z’entlaaschten. Esou e Gesetz ass an eisen Nopeschlänner scho längst Realitéit.

→ D’Proposition de Loi ukucken (PDF)

2) Eng Motioun op Gemengeniveau, vir d’Aarbecht vun de Mietkommissiounen ze verbesseren (Am Video ab Minutt 4:00)

D’Mietkommissiounen um Gemengeniveau funktionéieren dax net richteg, doduerch kréien d’Locatairen hier Rechter net duerchgesat. déi Lénk huet an e puer Gemenge Motiounen agereecht fir dat z’änneren.

→ D’Motioun fir d’Gemengen ukucken (PDF)